Mam Auto an de Bam: Jonk Automobilistin liicht blesséiert (Quelle: www.rtl.lu)
Um Sonndeg kuerz virun 9 Auer ass eng jonk Fra vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Se gouf am Won ageklemmt, awer just liicht blesséiert. Dat schreift op alle Fall den 112. Op der Plaz waren d'Ambulanz an de Sauvetage vun der Protex vu Réiden, de Stater Samu, d'Air Rescue an d'Pompjeeë vun Ell. Accident och kuerz virdrun, géint 8.35 Auer, op der N7 vum Fridhaff an Direktioun Housen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Am Asaz hei: Ambulanz a Sauvetage vun Dikrech an de Samu vun Ettelbréck.