Helicopter with no blades Helicopter Blades

Notdienst 24/24 !

Rettung aus der Loft: d’Schutzengele vun der LAR

DSCF3532

English version

French version

 

“D’Liewe vu Mënschen an Nout ze retten”, dat ass d’Missioun vun der asbl Luxembourg Air Rescue, déi haut 183.000 Memberen zielt.

 

Als eenzegen Operateur zu Lëtzebuerg fléie si mat hire 6 Rettungshelikopteren a 6 Ambulanzjets Asätz zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun wéi och weltwäit, 365 Deeg am Joer.

 

Als Zeechen vun der Dankbarkeet fir d’Ënnerstëtzung vun der humanitären Associatioun (65 Euro Cotisatioun fir Eenzelpersounen, 115 Euro fir Familljen, Gruppen Tariffer fir Betriber) rapatriéiert d’LAR hir Memberen, wa si en Noutfall am Ausland hunn, ouni Extrakäschten - an zwar ënnert beschte Konditiounen, ëmmer mat engem spezialiséierten Dokter an engem Infirmier u Bord. “Eis Memberen sinn eis Raison d’être”, sou de Grondsaz vun den LAR-Mataarbechter.

 

Am Géigesaz zu anere Firmen, déi och Rapatriementer proposéieren, déi awer och méi oder manner fiabel Sous-Traitanten asetzen, garantéiert d’LAR senge Patienten a Memberen ee personaliséierte Service mat senger eegener "state-of-the-art" Flott a sengen Experten.

 

"Um Findel hu mir scho Fligere vun aneren Organisatioune gesinn, déi net nëmmen ënner abenteuerlechen, mee och carrement an illegale Konditioune Patienten transportéieren,” erkläert de René Closter, Grënner a President vun der Luxembourg Air Rescue. “No all de Joren wësse mir, datt an enger Noutsituatioun am Ausland nëmmen d’Erfarung, d’Kompetenz a Qualitéit zielen."

 

Bei der LAR këmmere sech déi verschidden Equippe vun A bis Z (“Bed – to – Bed Service”) ëm de Patient, esoubal eng Urgence an der LAR-Alarmzentral erageet.

 

“Bei eis kënnt Dir eis eegen Helikopteren an eis eegen Ambulanzjets ukucken a mat eisen Dokteren, Piloten, Infirmieren an aner Spezialiste schwätzen. All déi Leit si fir Iech do, 365 Deeg am Joer, 24 Stonnen am Dag, 7 Deeg an der Woch."

 

Note: Visitte vun der Luxembourg Air Rescue si méiglech, Informatiounen op lar.lu.

 

Fir hiren Objet social zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen, flitt d’LAR och Intensiv-Transporter fir Assurancen- an Assistancegesellschafte ronderëm d’Welt a féiert ënner anerem och Organtransporter a Frankräich duerch.

 

Op déi lescht 30 Joer zeréckgekuckt huet d’LAR méi wéi 40.000 Missiounen duerchgeféiert. D’Equipagë vun der LAR si méi wéi 44 Millioune Kilometer, dat heescht 1.200 Mol ronderëm de Globus geflunn, fir Mënschen an Nout ze hëllefen a fir Liewen ze retten. Eleng d’lescht Joer sinn d’Helikoptere ronn 1.800 Mol agesat ginn, dovunner 762 Mol am Grand-Duché. Net manner wéi 842 Rapatriementer si mat den Ambulanzfligeren an 81 verschiddene Länner duerchgefouert ginn.

 

Déi ronn 180 LAR-Mataarbechter ginn alleguerte vun der selwechter Leidenschaft ugedriwwen, nämlech déi vun der Léift vun enger exzellent geleeschter Aarbecht an um Grad vun der Zefriddenheet vun de Patienten. “Mir si fir Iech do” ass vill méi wéi e Slogan: Fir all Mataarbechter – ob Pilot, Dokter, Infirmier, Techniker oder Kader an der Administratioun – dëse Slogan steet fir e festen a bestännegen Asaz.

 

D’Entwécklung vun den Aktivitéite vun der LAR ass d’Resultat aus enger ganz strenger Politik, déi als Zil huet, d’Qualitéit an d'Servicer fir hir Patienten an hir Membere permanent ze verbesseren an domadder eng vun deene beschte Loftrettungsorganisatiounen ze bleiwen. "Mir hunn iwwert d’Jore ganz héich a strikt Qualitéitskritären agefouert, esou datt et weltwäit wéineg Organisatioune ginn, déi op eisem Niveau kënne mathalen", sou de René Closter.

 

Ee vun de Schlësselelementer vun dëser exzellenter Approche ass, datt d’LAR seng eege Flott a säi Personal selwer geréiert a kontrolléiert. Bal all Revisioune vun de Fligeren an den Helikoptere ginn intern an den ultra-modernen Installatiounen um Findel gemaacht.

 

 

Déi verschidde medezinesch Equippe gräifen op déi modernst Technologien zeréck, fir op hirem Gebitt ze trainéieren an sech ze perfektionéieren. Ee fir dës Zwecker speziell ageriichte Simulatiounsraum reproduzéiert reell Konditiounen, esouguer extrem Konditiounen (Kaméidi, Liicht, Wand, Reen, Schnéi... asw) – kuerz gefaasst, d’Konditioune vun engem richtegen Asaz. Fir déi Gesten, déi e Liewe rette kënnen ze perfektionéieren, gëtt eng Popp, déi iwwert e Computer gesteiert gëtt an déi all liewensgeféierlech Noutsituatioune reproduzéiere kann, agesat. Dës Popp kann och all Méigleches simuléieren: Kräischen, Jäizen, Bludden, Häerzinfarkt ... den ideale Patient fir d’Ausbildung.

 

Well se sou eenzegaarteg ass, zitt dës Installatioun eng sëlleche Spezialisten aus dem In-an Ausland un.

 

D’LAR ass weltwäit ee vun de Leaderen am Gebitt vun de Rapatriementer.

 

Viru kuerzem ass d’Luxembourg Air Ambulance (LAA)* ënnert méi wéi 800 Konkurrenten als Unerkennung fir déi formidabel Aarbecht mat dem renomméierten Titel “World’s Best Air Ambulance Provider” ausgezeechent ginn.

 

Besser wéi all déi aner, sinn et d’LAR-Memberen, déi op de Service vun der LAR hu missen zeréckgräifen, déi d’Qualitéit vun hirer Prise en charge beleeë kënnen:

D’Alice D., a Costa Rica vun enger vun de gëftegste Schlaangen gebass, hält esou e Moment ganz fest an Erënnerung, wéi en LAR-Dokter, dee speziell vu Lëtzebuerg koum, an hiert Zëmmer am Spidol zu San José, Costa Rica, erakomm ass. “Fir mech war dat e verfréite Chrëschtdag! Schonn eleng seng Präsenz huet mech berouegt an ech wousst, datt mir ënner de beschte Sécherheetskonditiounen a mam richtege Komfort nees Heem kommen.”

 

Fir méi gewuer ze ginn

* 1988 ass d’ASBL Luxembourg Air Rescue (LAR) an d’Liewe geruff ginn an zielt haut 183.000 Memberen. D’Organisatioun mat hirer Duechtergesellschaft Luxembourg Air Ambulance (LAA) besteet aus sechs MD902-Helikopteren a sechs héichmodern medezinesch Learjet 45 XR-Fligeren. Mat hiren 180 Mataarbechter ass et d’Zil vun der LAR, Mënscheliewen ze retten an d’Gesondheet vu Mënschen, déi an Nout sinn, ze erhalen, 24/7 an 365 Deeg/Joer, souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun an op der ganzer Welt. Dëst geet nëmmen duerch d’Ëmsetzung vun den héchsten Sécherheets- a Qualitéitsstandarden aus der Medezin, Technik an der Aviatioun. www.lar.lu