Helicopter with no blades Helicopter Blades

Emergency
24/7

Emergency
24/7

LAR media presence

As a non profit organisation LAR finds itself closely related to public interest. It’s important for us to keep the general public informed about our work.

3. Etapp no schroer Chute annuléiert - Air Rescue am Asaz (Source: rtl.lu)

20160506 HMS110 PBO DNR Pfeiffer Accident Cyclisme Nagem AR1 (8) WEB

Op der 3. Etapp koum et tëscht Hueschtert an Noojhem zu enger schroer Chute mat ronn 40 Cyclisten. De Rettungshelikopter ass op d'Plaz geruff ginn. Ambulanzen aus dem ganzen Norde goufen op d'Plaz geruff, ma et wieren der net genuch. Verschidde Cycliste solle ganz schlëmm blesséiert sinn heescht et vun Aenzeien. Vereenzelter sollen an eng Mauer gerannt sinn an et ass och deels Rasengitter do laanscht d'Strooss verluecht.

Den Accident ass 9km no dem Depart an enger Descente geschitt, wou d'Cycliste mat ronn 90 km/h ënnerwee waren. E Cyclist, deen zimlech vir am Peloton ënnerwee war ass gefall, wouduerch et zu enger Kettereaktioun komm ass. Aktuell ass de SAMU nach ëmmer op der Plaz.

D'Police mellt, dass d'Streck Hueschtert - Noojhem - Réiden komplett fir den Trafic gespaart ass.

D'Cyclisten, déi nach an der Course sinn, gi vun der Police bis op d'Arrivée op Waarken eskortéiert.