Helicopter with no blades Helicopter Blades

URGENCE 24/24 !

3 schwéier Blesséierter bei Accident mat 3 Autoen (Source: rtl.lu)

2018-06-20-17.34-WEB

Op der N27 tëscht Esch-Sauer a Lëlz krute sech e Mëttwoch de Mëtteg géint 17 Auer dräi Ween ze paken. Ee Won ass eng 30 m de Rampli erofgerëtscht.

Op der Strooss ëm de Stauséi ass et e Mëttwoch zu engem uergen Accident mat dramatesche Suitte komm.

Kuerz viru Lëlz ware géint 17 Auer 3 Ween net laanschteneekomm, zwee hate sech souguer frontal ze pake kritt.

D'N27 ass direkt nom Crash gespaart ginn, géint 19 Auer goung nees eng Spur op.

Dräi Persoune goufe blesséiert, zwou ganz uerg, si goufe mat zwee Rettungshelikopteren an d'Klinick geflunn; och déi drëtt Persoun war schwéier blesséiert.

Ee vun den accidentéierten Autoen ass eng 30 m e Rampli op der Säit vum Séi erofgerëtscht.